Dat dowéinst, well Disney den neie Film "Black Widow" op hirem Streaming-Déngscht zum selwechte Moment wéi d'Premiere am Kino verëffentlecht huet.

D'Verëffentlechung op dem Streaming-Déngscht Disney+ ass de zu dem selwechte Moment geschitt, wéi de Film am Kino ugelaf ass. D'Scarlett Johansson seet heizou, dass dat sou net ofgemaach gewiescht wier. De Film hätt als éischt just am Kino solle lafen a réischt an e puer Méint um Streaming-Déngscht accessibel solle sinn.

D'Johansson sot dozou an engem Interview mam "Wall Street Journal", dass een him eng exklusiv Filmverëffentlechung an de Kinoen zougesot hätt, dat aus deem Grond, well seng Verdéngschter um Film haaptsächlech op dem Kinogewënn baséieren.