De brittesche Premier Boris Johnson a seng Fra Carrie Johnson erwaarden hier zweet Kand zesummen.

Nodeems seng Fra Ufank des Joers ee Kand verluer hat, hunn si elo annoncéiert, dass d'Koppel fir Enn des Joers hiert zweet Kand erwaart. 
Hire Jong Wilfred ass am Abrëll 2020 op d'Welt komm.
Fir de 57-Järege Boris Johnson ass dat schonn säi 6. Kand. Hien huet scho véier Kanner aus sengem éischtem Mariage.