Stell iech vir dir gitt e klenge Concert an enger Bar an op eemol sëtzt eng bekannt Sängerin do a lauschtert iech no...

Dat ass engem Museker zu Belfast geschitt. Hien huet an enger Bar gespillt an d’Taylor Swift souz mat sengem Frënd Joe Alwyn am Publikum. De jonke Museker sot dass d’Taylor esouguer dräi Stonne bliwwen ass fir him nozelauschteren. Hatt huet him och Drénkgeld ginn a gefrot wéi hatt seng Karriär verfollege kéint! De jonke Mann huet dann och e puer Selfies mam Taylor op Twitter gesat.