D’Nicki Minaj huet zimmlech komesch Alternativ-Fakten iwwer d'Corona-Impfung verbreet. D'Brittesch Regierung huet misse reagéieren!

Natierlech gouf ganz vill op dësen relativ absurden Tweet reagéiert:

Mee wat d’Nicki Minaj sech vläicht net erwaart huet ass dass d’brittesch Regierung sech amësche géif. An zwar gouf op engem Pressebriefing vum Boris Johnson dem Nicki säin Tweet als lächerlech Fake News bezeechent. D’Nicki Minaj soll sech schummen, esou d’Gesondheetsautoritéiten. D’Rapperin huet op d’Kriticke geäntwert an de Geck mat der brittescher Regierung gemaach.