Et war scho gewosst dass d’Meghan an den Harry vill Afloss hätten. Mee elo ass et och offiziell.

Déi zwee sinn elo um Cover vun "Time Magazine". D’Meghan an den Harry gehéieren nämlech zu den 100 aflossräichste Persounen op der Welt. Dat ass dann och déi éischt Kéier dass d’Koppel formell fir e Cover vun enger Zäitschrëft poséiert huet. Well si bei ganz ville karitativen Aktioune matmaachen, kruten déi zwee dës Éier. Donieft gouf de Cover um Prënz Harry sengem 37. Gebuertsdag annoncéiert.