Den Ed Sheeran geet guer net gären op amerikanesch Award-Shows.

Dem Museker no ginn et kloer Ënnerscheeder tëscht den amerikaneschen a britteschen Award-Shows. An den USA fillt den Ed sech guer net wuel well d’Leit immens kompetitiv sinn. Hie fillt sech duerno esouguer ëmmer traureg. Den Ed huet awer net gesot wéi eng Award-Show hie genee gemengt huet. Mee op alle Fall sinn déi Shows ganz anescht wéi a senger Heemecht. Den Ed sot dass an England einfach just jidderee méi wéi genuch Alkohol drénkt an et ass de Leit egal ass ob se wannen oder net.