Et ass üblech dass Sänger hir Talenter wëllen an aner Beräicher glänze loossen. Dat ass och beim Lena Meyer-Landrut de Fall.

D’Sängerin ass och elo Designerin. Hatt huet säin neie Fashion-Label virgestallt, dee sech "A Lot Less" nennt.  D’Fashion-Show war zu Berlin. D’Lena hat sech schonn immens op Insta op seng Hierscht a Wanter-Show gefreet. Fir hatt ass et wichteg Diversitéit um Catwalk ze gesinn. Et handelt sech also ëm nohalteg Kleeder mat Naturfaarwen.