E Buch iwwer d’Kulisse vu Grey’s Anatomy kënnt geschwënn eraus. An d’Kapitel iwwer de Patrick Dempsey huet scho fir vill Opmierksamkeet gesuergt.

Am Buch gëtt den Duersteller vum McDreamy net immens positiv beschriwwen. Zemools wéi hien 2015 d’Serie verlooss huet. Hie soll sech dacks wéi eng Diva beholl hunn! Hien hat keng Loscht all Dag esou laang schaffen ze kommen. De Patrick selwer seet awer am Buch dass déi flexibel an onberechenbar Horairen et schwiereg gemaach hunn Zäit mat senge Kanner ze verbréngen. Hien war awer immens dankbar esou laang bei Grey’s Anatomy matgespillt ze hunn.