Weider Detailer zu der Scheedung vum Kanye West a Kim Kardashian sinn elo rauskomm.

De Kanye soll dem Kim friemgaange sinn. Déi Affär soll scho viru 5 Joer um Lafe gewiescht si wéi d’Kim schwanger mat sengem Bouf,de Saint, war. An dat ass net alles. Anscheinend soll de Kanye mat enger ganz bekannter Sängerin friemgaange sinn. Natierlech gouf net gesot ëm wien et sech handelt. Mee de Kanye soll op sengem neien Album "Donda" dës an aner Affären zouginn hunn.