Et goufen an der lescht Rumeuren iwwer dem Adele säi Bezéiungsstatus. 

D’Adele soll eng Zäitche laang mam Rich Paul zesumme sinn! Offiziell huet d’Sängerin dat awer lo op Instagram confirméiert. Hatt huet eng Foto vu sech a sengem Frënd op enger Hochzäit vun engem NBA-Basketspiller gepost. Effektiv ass de Rich Paul en Sports-Agent fir NBA Athleten a schafft zum Beispill mam LeBron James zesummen. Am Juli waren d’Adele an de Rich fir déi éischt Kéier op engem Basketmatch zesumme fotograféiert ginn.