D’Hailey Bieber huet missen op Rumeuren iwwer seng Bezéiung mam Justin Bieber reagéieren.

Am Podcast vum Demi Lovato huet d’Hailey eppes misse lassginn. An zwar héiert hatt an der lescht ëmmer dass den Justin hatt mësshandelt a frech mat him ass. Dat wier natierlech absurd, esou d’Hailey. Den Justin wier genee de Géigendeel a wier extrem respektvoll. Hie wier säi beschte Kolleeg an déi zwee géifen et net bereien sech esou jonk bestuet ze hunn.