Op der Foto, gesäit een dat 17 Joer alt Leni Klum, wéi hat nëmme vun engem Blazer bedeckt un engem Strand steet.

D'Leni Klum huet eng Foto op säin Instagram-Kont eropgelueden. An déi suergt nawell fir Diskussiounen. D'Foto gouf am Kader vun engem Shooting dir den amerikanesche Magasinn "Rollercoaster" geholl.

Op der Foto, gesäit een dat 17 Joer alt Leni Klum, wéi hat nëmme vun engem Blazer bedeckt un engem Strand steet. Allerdéngs bedeckt de Blazer hatt net komplett. Esou kuckt dem Model seng lénks Broscht eraus. Dës verstoppt hatt mat senger Hand. A genee dat suergt bei ville vum Leni Klum senge Follower fir Gespréichsstoff. Ee Follower huet zum Beispill d'Fro gestalt, ob d'Foto opgrond vum Leni sengem jonken Alter net vläicht esouguer illegal wier.