An engem Interview mam Magasinn "GQ" huet d'Megan Fox iwwer seng eegen Onsécherheete geschwat.

D'Schauspillerin Megan Fox leid ënner "Body Dysmorphia". Dat sot hatt an engem Interview mat der brittescher Editioun vum Magasinn "GQ". Deemno soll d'Megan Fox säin eegene Kierper als elle wouer huelen. Och soss, soll d'Schauspillerin ënner enger ganzer Partie Onsécherheete leiden.

Op wéi eng Manéier seng "Body Dysmorphia" säi Liewe beaflosst wollt d'Megan Fox net soen. Hatt huet awer verroden, dass seng Bezéiung mam Museker Machine Gun Kelly him hëllefe géif, sech selwer esou ze akzeptéieren, wéi hat wierklech wier.