Am Kader vun engem Livestream op Instagram huet d'Sängerin Adele eng ganz Partie Froe vu senge Fans beäntwert.

D'Fro vun engem Fan konnt oder wollt d'Adele awer net beäntweren. Dësen hat hatt nämlech gefrot wéi héich säin "Body Count" wier. Dës Fro hat d'Adele da sichtlech irritéiert. Hatt hat an d'Kamera gekuckt a gefrot, wat dësen Ausdrock iwwerhaapt bedeite géif.

"Body Count " ass en ëmgangssproochlechen Ausdrock fir d'Zuel vun de sexuelle Partner, déi e Mënsch am Laf vu sengem Liewen hat. Eng zimmlech intim Fro. Ze intim, wéi vill Fans vun der Sängerin fonnt hunn. Ee Fan hat den Ausschnëtt vum Video mat der Fro op Twitter gepost. Dëse gouf mëttlerweil Millioune mol gekuckt, bal 130.000 mol gelikt a ronn 4.000 mol kommentéiert. De Gros vun de Leit, déi den Ausschnëtt kommentéiert hunn, sinn dann och der Meenung, dass een esou eng Fro net stelle sollt. Een Notzer huet dat Ganzt da folgendermoossen op de Punkt bruecht: ,,Wat der Däiwel...dat hues du grad NET gefrot!"