E Méindeg huet dat amerikanescht Auktiounshaus "Julien's"  zu New York iwwer 800 Objeten aus dem Amy Winehouse sengem Besëtz ausgestallt.

10 Joer nom Dout vun der Sängerin a Grammy-Gewënnerin Amy Winehouse ginn elo eng ganz Partie Géigestänn aus dem Besëtz vun der Sängerin versteet. E Méindeg huet dat amerikanescht Auktiounshaus "Julien's"  zu New York iwwer 800 Objeten aus dem Amy Winehouse sengem Besëtz ausgestallt. Dorënner ënner anerem d'Kleed dat hatt bei sengem leschte Concert an der serbescher Haaptstad Belgrad am Juni 2011 unhat. Eleng dëst Kleed gouf vum Auktiounshaus op e Wäert vu 15.000 bis 20.000 $ geschat. Am Ganze sollen d'Objeten aus dem Besëtz vun der Sängerin e Wäert vun 2 Milliounen $ hunn. D'Stee vun de Géigestänn soll de 6. a 7. November sinn.