Am Ellen DeGeneres senger neier Show "Mom Confessions" huet d'Kim ënner anerem verroden, wéi frech säin eelste Meedche ka sinn.

Am Ellen DeGeneres senger neier Serie "Mom Confessions" huet d'Kim Kardashian iwwert säi Liewen als Mamm geschwat. Ënner anerem huet hatt verroden, dass seng gréisste Schwächt als Mamm wier, dass hatt bei senge Kanner ze séier géif noginn.

Am meeschte frustréiere géifen hatt iwwerdeems d'Ausenanersetzunge mat senger eelster Duechter North. Allkéiers, wann déi 2 sech streiden, géif dat 8 Joer alt North nämlech ufänken iwwert dem Kim säin haus hirzezéien. ,,Däin Haus ass esou ellen! Et ass komplett wäiss! Wie lieft iwwerhaapt esou?'', géif dem Kim Kardashian seng Duechter dann zu him soen.

D'Kim fënnt, dass dës Ausso vu sengem Meedchen zimmlech béisaarteg ass. Hatt selwer géif säin Haus nämlech flott fannen.