D'Firma "Ethic" geréiert en nohaltege Fong mat engem Volume vun 1,1 Milliarden $.

De Prënz Harry a seng Fra, d'Herzogin Meghan wäerte Suen an d'Investment-Firma "Ethic" investéieren. Dat hunn si e Mëttwoch bekannt ginn. Bei der Firma, déi en Investmentfong mat engem Volume vun 1,1 Milliarden $ geréiert, wëllen si zu sougenannten "Impact Partner" ginn.

An engem Statement, deen si verëffentlecht hunn, deelen d'Meghan an den Harry mat, dass si der Meenung wieren, dass et un der Zäit wier, dass méi Mënsche mat abezu misste gi wann Decisiounen, déi jideree betreffe géife geholl ginn. Si wéilten d'Investéieren nei iwwerdenken an domadder zur Léisung vun de Problemer mat deenen d'Mënschheet konfrontéiert ass, bäidroen.

Déi amerikanesch Firma "Ethic" huet sech eegenen Aussoen no op Investissementer a Firmen, déi akzeptabel ökologesch a sozial Ziler verfollegen, spezialiséiert.