Dem Rapper seng Ex Camaryn Swanson hat eng Foto vu sech selwer mat engem bloen A op Instagram gepost.

De Rapper Tyga gouf en Dënschdeg zu Los Angeles wéinst engem Virfall vun haislecher Gewalt festgeholl, dee sech den nämmlechten Dag soll ofgespillt hunn. Den Tyga soll seng Ex-Frëndin dem Camaryn Swanson kierperlech an emotional mësshandelt hunn. D’Swanson hat dann och eng Foto vu sech selwer mat engem bloen A op Instagram gepost. Bis ewell ass allerdéngs net kloer, firwat hatt Gëschter beim Tyga doheem war. De Rapper gouf iwwerdeems fir eng Kautioun vu 50.000 $ aus senger Untersuchungshaft entlooss.