De Museker ass den Ament amgaangen sech vun enger Operatioun ze erhuelen.

Den Elton John wäert net op dem Prënz William seng Feier zur Éier vu senger verstuerwener Mamm, der Prinzessin Diana, den 19. Oktober am Kensington Palace, kommen.

Den éischten Ament, dierft et wuel fir Verwonnerung gesuergt hunn, dass de Museker dem Prënz William seng Invitatioun, fir op dës Feier ze kommen net ugeholl huet. Ëmmerhi war hie jorelaang mat der Prinzessin Diana befrënnt an hat och op hirem Begriefnis gespillt.

Allerdéngs huet den Elton John e gudde Grond fir seng Ofso. Hie gouf ugangs des Mounts un der Hëft operéiert an huet sech nach net vollstänneg vun der Operatioun erholl.