Dem Schauspiller no, misst all Mënsch eng Kéier d'Erfarung maachen an de Weltall geflunn ze sinn.

De William Shatner war an Tréinen ausgebrach, nodeems hien no sengem 10 Minutte laange Fluch an d'Weltall nees op der Äerd gelant war.

Eegenen Aussoen no, wier de Schauspiller voller Emotiounen iwwert dat, wat hie wärend dësen 10 Minutten erlieft hätt. D'Erfarung an de Weltall ze fléie wier aussergewéinlech gewiescht. Hie wier sech der Enormitéit vum Weltall an der Presenz vum Liewen a vum Dout schlagaarteg bewosst ginn. Hie géif jidderengem recommandéieren, dës Erfarung eng Kéier selwer ze maachen.

De Shatner, deen d'Roll vum Captain Kirk an der originaler Startrek-Serie gespillt hat, war e Mëttwoch u Bord vun enger Rakéit vum Jeff Bezos senger Entreprise "Blue Origin" fir 10 Minutten an de Weltall geflunn.