Mat 16 Joer haten déi 2 Membere vun "Tokio Hotel" beim Dréi vun engem Porno nogekuckt.

D'Zwillingen Tom a Bill Kaulitz, dierfte villen als Frontmänner vun der Band "Tokio Hotel" bekannt sinn. Ma an hirem Podcast hunn d'Zwillinge rezent iwwer en Tëschefall geschwat, dee virun e puer Joer bal fir en handfeste Skandal gesuergt hätt.

Als Teenager wieren déi 2 nämlech op eng illegal - ewéi si et nennen - "Porno-Party" gaangen. Op dëser Party hätten si dann och nogekuckt, wéi e Pornofilm gedréit gouf. Dobäi goufen si vun enger anerer Persoun gefilmt. Wéi d'Zwillingen elo verroden hunn, hätt hire Management deemools Tonnen domat ze di gehat, dofir ze suergen, dass dës Opnam net un d'Ëffentlechkeet gerode géif.

Bis ewell war nëmme bekannt, dass déi 2 deemools 16 Joer al Museker op der Party waren, dass si och den Dréi gekuckt hate war net gewosst.