Eng glécklech Nouvelle gëtt et bei de Kardashians well d’Kourtney huet sech verloobt!

An dat mam Rocker Travis Barker. D’Kourtney huet d’Verlobung mat romantesche Fotoen op Insta confirméiert. Nieft de Fotoen huet d’Kourtney ganz einfach "Forever" geschriwwen, wat alles heesche wëll. Wéi een op de Fotoe gesäit huet den Travis Barker seng Hochzäits-Ufro op enger Plage gemaach. Déi zwee sinn zënter Januar eng Koppel.