Et war jo scho gewosst dass de Kanye West säin Numm wiessele wollt mee elo ass et offiziell.

Den amerikanesche Rapper heescht elo nëmmen nach Ye. Dat gouf offiziell vun enger Riichterin zu Los Angeles validéiert. De Ye hat am August eng Demande gemaach a wollt säin Numm aus perséinleche Grënn änneren. Dat wat elo schonn zënter Jore säi Spëtznumm war ass dann elo säin offiziellen Numm. Dësen hätt eng reliéis Bedeitung fir de Rapper.