Och Promie kënne grouss Fans vun anere Promie sinn. Dat ass beim Cardi B definitiv de Fall.

D’Rapperin huet erausfonnt dass de Penn Badgley deen d’Haaptroll bei der Serie You spillt hatt komplimentéiert hat. D’Cardi B huet de Video vum Penn op Twitter gedeelt. Hatt konnt et net gleewen dass de Schauspiller hatt tatsächlech kennt! Hatt sot dunn dass et lo realiséiert huet wéi bekannt hatt ass. Dem Penn seng Profilfoto ass elo och eng Foto vun der Rapperin. Vläicht entwéckelt sech do eng Frëndschaft.