Den Harry an d’Meghan si jo ganz vill als Aktivisten täteg. An elo hu si sech nees fir nei Projeten agesat.

De Prënz Harry huet sech mam Leonardo DiCaprio zesummegedoe fir géint Ueleg- a Gas-Buerungen an Afrika virzegoen. Dës Buerunge kéinten nämlech permanent Zerstéierunge mat sech bréngen. Den Harry setzt sech reegelméisseg fir Afrika an. D’Meghan Markle huet sech och zu Wuert gemellt. An engem Bréif un d’Presidentin vum Representantenhaus Nancy Pelosi engagéiert hatt sech fir de bezuelten Elterecongé an den USA.