D’Mila Kunis huet mam Ellen DeGeneres iwwer en Erzéiungs-Fail geschwat.

Dem Mila säi Meedche gouf vun engem anere Meedche geschubst. Do sot d’Schauspillerin sengem Meedchen dass hatt d’nächst Kéier einfach zeréckschloe soll. Säi Mann den Ashton Kutcher war awer guer net domat averstanen a sot dass hatt dat absolut net maache soll. Déi zwee schwätze jo ëmmer ganz éierlech iwwer d’Erzéiung vun hire Kanner.