Um Set vum Alec Baldwin sengem neie Film ass eng Fra bei engem Accident gestuerwen.

De Schauspiller selwer huet mat enger falscher Waff op eng Fra geschoss. Mee si gouf blesséiert an an d’Spidol bruecht. Méi spéit ass si awer gestuerwen. D’Affer war eng Kamerafra. De Regisseur vum Film gouf och blesséiert. D’Produktioun vum Film gouf ënnerbrach.