Virun e puer Deeg hat d’Queen nach gesot dass si sech net al fillt. Elo gouf si awer hospitaliséiert.

D’Queen huet e Mëttwoch d’Nuecht an engem private Spidol zu London verbruecht. Déi 95-järeg Kinnigin ass gëschter nees heem op Windsor gaangen. Et ass net bekannt wat genee de Probleem war. Op allefall huet d’Queen eng Visitt an Nordirland ofgesot fir ze raschten. Mir hoffen dass si sech schnell erhëlt.