D’Simone Biles huet gesot dass et nach ëmmer Angscht virum Turnen huet.

An engem emotionalen Interview huet d’Turnerin iwwer seng mental Gesondheet geschwat. Hatt huet erkläert dass et verschidde Beweegungen net méi maache ka well hatt sech net méi sécher fillt. Et wier ganz schwiereg fir hatt domadder ëmzegoen. D’Simone Biles huet sech aus den Olympesche Spiller zeréckgezunn. Dat war deemools eng grouss Iwwerraschung.