Déi 2 haten sech an der Komedie-Sendung "SaturdayNight Live" kennegeléiert.

Laang goufen et Rumeuren, ma elo ass et offiziell. D'Kim Kardashian an de Komiker Pete Davidson sinn eng Koppel. Déi offiziell Confirmatioun, dass déi 2 zesumme sinn, gouf et op Instagram. Dat allerdéngs net um Account vun engem vun deenen 2. Villméi, hat de Rapper Flavor Flav eng Foto vu sech selwer, deenen 2 an dem Kim senger Mamm, dem Kris Jenner op sengem Instagram Account gepost.

Kennegeléiert haten d'Kim Kardashian an de Pete Davidson sech ewéi dem Kanye West seng Ex-Fra als Gaascht an der Komedie-Sendung "Saturday Night Live" am amerikanesche Fernsee opgetrueden ass. Hei haten hatt an de Pete Davidson sech an engem Sketch gekusst. Duerno soll de Komiker d'Kim dann no senger Telefonsnummer gefrot hunn.

Am Laf vum Oktober a vum November waren déi 2 dann op e puer Rendez-vousen a sinn elo offiziell eng Koppel.