En Dënschdeg hunn d’Jonas Brothers e Projet op Netflix erausbruecht. Keen Dokumentarfilm oder e Concert. Mee eppes ganz aneres.

An zwar eng Komedie-Show déi sech "The Jonas Brothers Family Roast" nennt. D’Zil ass et d’Bridder op enger witzeger Aart a Weis erofzemaachen. A speziell Gäscht sinn do fir de Geck mam Nick, Joe a Kevin ze maachen. Zum Beispill de Pete Davidson, den Niall Horan an den John Legend.