De Keanu Reeves ass iwwerzeegt dass hien nach ëmmer wéinst engem bekannte Film mat der Schauspillerin bestuet ass.

1992 stoungen de Schauspiller an d’Winona Ryder fir de Film "Bram Stoker’s Dracula" virun der Kamera. Virun e puer Joer hat d’Schauspillerin gesot dass déi zwee am Film vun engem richtege rumänesche Paschtouer bestuet goufen. An elo huet de Keanu selwer reagéiert: hien ass der Meenung dass hie viru Gott nach ëmmer mam Winona bestuet ass. Eng komesch Situatioun déi Jore méi spéit nach ëmmer net kloer ass.