Wéinst engem Vertrauensbroch muss de fréieren "House of Cards"-Schauspiller eng ganz héich Zomm un d’Netflix-Serie bezuelen.

De Kevin Spacey huet géint d’Richtlinnen iwwer sexuell Belästegung vun der Entreprise MCR, déi d’Serie produzéiert huet, verstouss. Domadder hätt de Schauspiller säi Vertrag net respektéiert, esou d’Affekote vun der Firma. Hie muss also iwwer 30 Milliounen Dollar Entschiedegung bezuelen.