Déi nei Staffel vu Germany’s Next Top Model wäert ganz kloer fir Sensatioun suergen.

3 Fraen déi matmaachen, wäerten iwwer 50 Joer al sinn. Eng dovunner trëtt esouguer géint hir Duechter un. Den eelste Model wäert 68 Joer hunn. D’Heidi Klum huet an engem Interview gesot dass hatt d’Welt vun der Moud méi inklusiv wëll gestalten. Vill méi Kleedergréissten wäerten deemno duergestallt ginn. Et wier awer schwéier Designer ze fannen déi matmaache wëllen, wat d’Heidi zimmlech Schued fënnt.