D’Jessie J huet eng ganz traureg Noriicht matgedeelt.

Déi brittesch Sängerin hat eng Feelgebuert. Hatt huet op Instagram en emotionale Statement verëffentlecht. D’Sängerin hat decidéiert eleng e Kand ze kréien. An déi traureg Nouvelle krut et just virun engem Concert zu Los Angeles matgedeelt an hatt huet dësen trotzdeem net ofgesot. Fir hatt ass Musek a Performance nämlech eng Aart Therapie. Et war wichteg seng Geschicht z’erzielen aplaz eleng ze leiden.