D’Adele ass iwwerzeegt dass säi Bouf ee spezifescht Lidd aus sengem neien Album an Zukunft haasse wäert.

Am Lidd "My Little Love" héiert een Diskussiounen tëscht der Sängerin a sengem klengen Angelo. De Song liwwert e Bléck hannert d’Kulisse vum Adele senger Scheedung déi hatt sengem Jong erkläre misst. An engem Interview huet hatt verroden dass den Angelo dat Lidd als Teenager warscheinlech haasse wäert. Mee d’Adele wollt awer éierlech a senge Lidder sinn.