En Donneschdeg war d’Thanksgiving-Fest an den USA an d’Billie Eilish huet sech gefrot ob een d’Traditiounen net e bëssi ännere kéint.

An den USA gëtt ëmmer Dinde fir Thanksgiving giess. Mee der Sängerin gefält dat net sou gutt. Hatt huet eng Foto vu sech gepost wéi hatt e Schnuddelhong geheemelt huet an huet dobäi gesot dass dat immens léif an douce Déiere sinn. An dass 46 Millioune vun hinnen all Joers fir dat Fest ëmbruecht ginn. Doropshin hat hatt e Message fir seng Fans: et ass schwiereg Traditiounen ze ännere mee et kéint een awer driwwer nodenken.