Vill Promien hate verschidde skurril Jobs ier si bekannt gi sinn. Beim Jared Leto war dat och de Fall.

An engem Interview huet de Sänger a Schauspiller verroden dass hien als Teenager an engem Kino geschafft huet. Mee hien huet och do Gras verkaf. Am Witz huet den Jared gesot dass hie schonn en Entrepreneur-Geescht hat well hie wosst dass Popcorn a Gras gutt beienee passen. An der Tëschenzäit ass a villen US-Bundesstaaten Cannabis entkriminaliséiert oder legaliséiert ginn.