D’Kim Kardashian ass jo an enger neier Bezéiung. An elo mellt sech säin Ex de Kanye West nees zu Wuert.

Hien huet gesot dass hien nees mam Reality-Star zesumme wëll kommen an dass hien nees zréck Heem goe wëll. De Rapper huet och zouginn dass hie vill Feeler gemaach huet an dass säi Behuelen net an der Rei war. Et wier wichteg fir hie méi dacks bei senge Kanner ze sinn. Mol kucke wat d’Kim dovunner hält: hatt soll nämlech glécklech mam Komiker Pete Davidson sinn.