Fir jiddereen dee gehofft huet ee vun deenen zwee eemol ze daten, gëtt d'Chance dofir elo wuel nach méi kleng...

Ee Moment deen ee wuel konnt komme gesinn: de Machine Gun Kelly an d'Megan Fox sinn elo verloobt! Dass déi zwee nämlech richteg hefteg verléift sinn, konnt keen iwwersinn. Si selwer hu jo scho puermol vun enee behaapt, dass se "Twin Flames" wieren. Een Terme deen eng nach méi staark Léift soll ausdrécke wéi ee "Séileverwandten".

Ganz romantesch ass de MGK dann bei genee deem selwechte Bam ënnert deem d'Koppel sech kennegeléiert huet, op d'Knéie gaangen. Op engem Video deen d'Schauspillerin op Instagram gedeelt huet, gesäit een de Moment. Kuerz nodeems sech de MGK virun d'Megan geknéit huet, huet hatt sech bei hie gesat an natierlech direkt "Jo" gesot.

An der Caption huet d'Megan Fox da gesot, dass si sech am Juli 2020 eeben do kenne geléiert hunn. Deemools hätte si net gewosst, dass eng Zäit voller Péng op si waarde géif. Oder, dass dës Relatioun si vill Aarbecht an Affer géif kaschten.

D'Caption hält dann awer mat enger liicht skurriler Informatioun op. Nodeems déi zwee da verloobt waren, hu se Blutt vun dem anere gedronk.

De Rank selwer ass dann, ganz wéi een et bei dëser Koppel gewinnt ass och mat vill Bedeitung a méi extravagant. Dëse besteet aus zwee Réng déi mat Magnéit zesumme gehale sinn, a mat engem Diamant an engem Smaragd. Dës béid Steng wieren dann hir "Gebuertssteng".