Dat huet d'Koppel elo matgedeelt. Deemno trenne sech hir Weeër no 16 Joer zesummen.

Méi wéi eemol huet den Jason Momoa an engem Interview gesot, dass hie seng Draamfra aus Jugendzäiten kennegeléiert huet an dann och nach dierft bestueden. Wéi et ausgesäit ass et awer elo eriwwer mat der Bezéiung.

Si hu laang als eng vun den Dramkoppele gegollt. Dat besonnesch well och d'Relatioun mam Ex-Mann vum Lisa Bonet, dem Lenny Kravitz, ëmmer immens gutt war. Virun allem waren den Jason Momoa an d'Lisa Bonet am Ganze 16 Joer zesummen, dovu 4 bestuet.

Wéi se an engem Statement elo matgedeelt hunn, géif ee sech zwar trennen, ma hir Léift fir enee géif awer weider liewen. Als Koppel géife si awer net méi weider zesumme liewen, an sech de Fräiraum ginn fir weider ze wuessen. Och hir Léift zu hire Kanner géif sech ni änneren. Zesummen hu si 2 Kanner am Alter vu 14 an 13 Joer.