Den amerikanesche Comedian ass Uganks dëser Woch onerwaart gestuerwen.

Et ass een Dout dee ganz vill Leit aus Hollywood onerwaart getraff huet. Den Dout vum amerikanesche Comedian a Schauspiller Bob Saget. Bekannt gouf en duerch seng Roll vum Dani Tanner an der Serie "Full House" a war och beléift als Erzielerstëmm vum Ted Mosby an der Serie "How I Met Your Mother".

Scho kuerz no sengem Dout gouf matgedeelt, dass keng Zeechen op Friemverschëlden oder Drogen a sengem Hotelszëmmer fonnt goufen. Een natierlechen Dout géif also méi wahrscheinlech sinn. Déi komplett Autopsie géif et awer wuel eréischt an 10-12 Woche ginn.

D'Autoritéiten haten de Saget fonnt, well seng Fra, d'Kelly Rizzo sech Suerge gemaach huet, an och den Hotel, nodeems hien net ausgecheckt hat. Nach den Owend viru sengem Dout stoung de Bob Saget op der Bün mat sengem Comedy-Programm. Den Dag vu sengem Dout sollt hien eigentlech de Fliiger nees heem op LA huelen.