De Ye soll wéi et heescht um fréie Muere mat enger onbekannter Persoun unenee gerode sinn.

Eigentlech hat de Ye grad ee wonnerschéine romanteschen Owend mat senger neier Flam dem Julia Fox genoss. Ma um Mueren nom Date mat senger neier "Muse" soll et awer du ganz hëtzeg hiergaange si beim Rapper.

Wéi et vum Los Angeles Police Department heescht, géif aktuell eng Enquête lafen no enger Kläpperei um Donneschde Mueren. De Ye soll mat engem "onbekannte Mann" unenee gerode sinn. D'Police gouf op d'Plaz geruff. Ma wéi se do war, war den Ye awer scho fort. Een offizielle Statement vum Kim Kardashian sengem Ex-Mann gëtt et bis elo nach net.