Do ass wuel wierklech keng Léift méi bei der Famill Spears. An engem Tweet huet d'Britney onmëssverständlech matgedeelt wéi et zu senger Schwester steet.

D'Britney Spears äussert sech ëmmer nees gären iwwer Social Media. Do léisst d'Sängerin senge Gedanke fräie Laf. Elo dann och nees op Twitter.

An enger Rei Tweets huet d'Sängerin do matgedeelt, dass hatt grad krank wier a Féiwer hätt. Nodeems et iwwert säin Zoustand geschriwwen huet, an de Fakt, dass säi Security him keng Medikamenter wollt siche goen, ass d'Britney op seng Schwester agaangen.

D'Jamie Lynn Spears ass aktuell op grousser Promo-Tour vu senger Biografie "Things I Should have said". An do war dem Britney seng Schwester och emol an Tréinen ausgebrach. Dat wéinst der Relatioun mat senger berüümter Schwester an, dass hatt keng Schold gehat hätt un der Situatioun vun dem Britney senger Tutelle.

Ma aus dem Britney senger Vue, soll awer och d'Jamie Lynn ëmmer nees gutt vun der Tutelle vu senger Schwester profitéiert hunn. Esou ass dem Britney seng kleng Schwester selwer opgetrueden an op Tour gaangen. An huet dem Britney seng Lidder dobäi gesongen. Eppes, dat net am Viraus mam Britney ofgeklärt gi wier. "Ech hu meng eege Lidder geschriwwen, an dofir geschafft. Hatt war dat Klengt a krut einfach alles dohi gesat, ouni sech selwer mussen unzestrengen."

Liest hei déi ganz Tweets vum Britney: