Eigentlech heescht et jo näischt guddes wann ee sech säin eegent Graf aushiewt. Ma beim Ed Sheeran ass dat awer elo wuertwiertlech am Gaangen.

An der brittescher Regioun "Suffolk" huet den Ed Sheeran een nawell groussen Terrain. An do baut de brittesche Museker mat ganz vill Freed allerlee drop. Nämlech net nëmmen een Haus fir sech a seng Famill. Mee op dem Grondstéck, dat anscheinend "Sheeranville" heescht, sti scho fënnef Haiser.

Aus "Sheeranville" soll dann ee richtegt kleng Duerf ginn. A wat brauch een Duerf? Natierlech eng Kierch! Dat op mannst huet sech de brittesche Sänger geduecht. Ënnert der Kierch dann natierlech och net eng Grafkummer feelen. An do soll de Sänger da, wann et him no geet, no sengem Dout säin neit Quartéier bezéien.

D'Pläng fir dëse Projet krut den "East Suffolk District Council" elo leschte Mount zougeschéckt. Dëse Pläng no wier d'Graf vun de Sheerans ronn 2,70 Meter laang an 1,80 Meter breet. Dee ganze Projet soll dann ëm déi 4 Millioune kaschten. Eng bësse méi makaber Aart a Weis fir seng Suen auszeginn.