D'Leni Klum weist, dass och Modele kee perfekt Ausgesinn hunn.

Déi 17 Joer al Duerschter vum Heidi Klum huet sech op Instagram ongeschminkt gewisen. Dobäi gesäit een op der Foto a senger Story, dass och hat mat  Pickelen an Akne ze kämpfen huet. Dëst ass also och ee Problem vu professionelle Modelen. Réischt lescht Joer huet d’Leni seng Karriär als Model bekannt ginn.

Grad elo mat senger oppener Aart, dass och hatt net perfekt ass, wäert et wuel weiderhin zu engem Virbild vu ville jonke Mënsche ginn.

RTL

© Instagram Screenshot