De franséische Schauspiller a Model Gaspard Ulliel ass e Mëttwoch mat nëmme 37 Joer gestuerwen.

An dat bei engem Schiaccident an der Savoie a Frankräich. Et soll zu enger Kollisioun mat engem anere Schifuerer komm sinn. De Schauspiller war en Dënschden mat schroe Kapp-Blessuren an d’Spidol ageliwwert ginn. Eng Enquête gouf opgemaach. De Gaspard huet a ville franséische Filmer matgespillt a krut am Joer 2017 de "César" Filmpräis vum beschte Schauspiller fir seng Roll am Film "Juste la Fin du Monde" vum Xavier Dolan. Hien huet an der neier Marvel-Serie "Moon Knight" matgespillt déi geschwënn erauskënnt.