
© SAM SANTOS / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP
De Keanu Reeves gëtt jo als ganz bescheidene Schauspiller beschriwwen. An dat huet hien op en neits bewisen.
De Keanu schummt sech anscheinend dass hien esou räich ass! Dat huet e Bekannte vum Schauspiller der US-Zeitung "The Post" verroden. Dowéinst spent de Matrix-Star léiwer grouss Zomme wéi selwer ze vill Suen auszeginn. Dacks kënnen sech och seng Aarbechtskolleegen, Familljememberen a Frënn och op spontan Kaddoe freeën. Säi Verméige soll ongeféier bei 315 Milliounen Dollar leien. De Keanu bleift sengem gudde Ruff trei!