De Kanye West schéngt seng Trennung mam Kim Kardashian nach net verkraaft ze hunn. Reegelméisseg kritiséiert hie seng Ex-Fra ëffentlech.

An dës Kéier sollen dem Kanye seng Wierder d’Kim richteg getraff hunn. A sengem neie Lidd sot de Ye nämlech dass seng véier Kanner vu Nannies erzu ginn. Domat huet de Rapper gemengt dass d’Kim sech net genuch ëm d’Kanner këmmert an dass hien dat besser maache géif. Dat ass natierlech guer net gutt beim Reality Star ukomm. Vläicht berouegt de Kanye sech geschwënn: hien ass jo elo an enger neier Bezéiung mat der Schauspillerin Julia Fox.