Vill Sportler bréngen no hirer Karriär e Buch eraus. Am Bastian Schweinsteiger sengem Fall handelt et sech éischter ëm e Libesroman...

Wien net matkritt hat dass den fréieren däitsche Fussballspiller e Schrëftsteller ginn ass, deen huet am Fong näischt verpasst. Well et ass net hien deen d’Buch geschriwwen huet: vill méi geet et ëm seng Libesgeschicht mat senger Fra der Tennisspillerin Ana Ivanovic. Zemools hiert éischt Treffe gëtt am Detail beschriwwen. "Einer von euch" heescht d’Buch vum Schrëftsteller Martin Suter. D’Buch soll effektiv eng Mëschung aus enger Biografie an engem Roman iwwer de fréiere Profi sinn. D'Buch soll de 26. Januar erauskommen.